Fëscherfrënn va Léiler Eng Kuerzbeschreiwung vun eisem Veräin

Zum Vergrößern klicken
Zum Vergrößern klicken
CLUB: Fëscherfrënn van der Our Lieler

1962 ass de Veräin gegrënnt gin vun e puer Duerfleit, di gär fëschen gaang sin.


Si hunn sech zesummen gedoe fir datt se Wisen pachten konnten fir " Begehungsrecht" un der Our ze kréien.


De Club huet den Numm " Fëscherfrënn van der Our Lieler" krit, mäe gouf 2011 op " Fëscherfrënn va Léiler "gekierzt. Dat heescht lo ower nit datt den Numm nit méi besteet, NEE et gouf gekierzt duerch Einfachheet bei verschiddenen Saachen wie ënner anerem Drock op Kapen, Hiemer, etc.




De Comité besteet elo aus folgenden Leit:


Präsident:        Delli-Zotti Mario

Vize-Präsident:  Reiffers Marc

Sekretärin:       

Caissière:        Weigel Thilly

Bäisetzen:        Lux Eric, Antony Joachim, Choinier Ronny




De Club besteet aus 25 aktiven Memberen, déi regelméisseg un de Präisfëschen deelhuelen.


Eis Präisfëschen fannen ënnert deenen eenzelnen Frëndschaftsveräiner statt.   (Heinerscheid, Weiswampach, Irrhausen, Dasbourg,an zenter kuerzem St Vith)




Hei puer Aktivitéiten ausser onseren Präis - Frëndschaftsfëschen:

Groussbotz un der Our(Propper Uwänner)

1000 truites " Cherapont"

Präisfëschen Reuler   

Clubfëschen

an divers Präisfëschen am Norden




Bei onsen Präisfëschen leeft et folgender Moossen, déi invitéiert Frëndschaftsfëscher kommen den Daag bei ons an den Centre Culturel hir Standplaaz zéien an fueren duerno op d´Our.


Bon mir haaten leider lo well puer Joër Pech, datt d´Our entweder ze vill Waasser hat ( Iwwerschwemmung) oder nit genuch Waasser do war. Do hun d´ Kollegen  vu Wäiswampech sech awer emmer Bereet erklärt, ons hiren Séi fir deen Daag zu Verfügung ze setzen.


Duerno gëtt dann 1 Stonn gefëscht, eng hallef Stonn Paus an duerno nees 1 Stonn gefëscht.Da gëtt of geweit an duerno Präisverdeelung.

Dofir huet dann all Fëscher, deen eps gefaangen huet, Méiglechkeet sech eppes um Gabendësch als Kaddo erauszesichen.

Gabendësch besteet aus villen flotten Saachen wéi Angel, Moulinet, Fëschermesser, Fëscherkleedung an villes méi.


Een groussen MERCI un all eis Geschäfter, déi ons do ganz léif ënnerstëtzen fir esou eppes ze presentéieren, mee och nit ze vergiessen all eis aner Sponsoren déi fräiwelleg do eis zu Hand ginn.

Ausser dem Gabendësch hun mir och all Joërs eng schéin Tombola, déi och bal nëmmen gesponsert ass, dofir och do een groussen MERCI all deenen, déi eisem Veräin seng Aktivitéiten ënnerstëtzen.



Fir Leit déi elo Interessi krut hunn bei ons Fëscher ze ginn, sollen sech beim Präsident op der Telefonsnummer ( 26 90 81 86) mellen.